top of page
Sicht Dir no gudde Blanks fir Är Mark?
ISB ass spezialiséiert op Street-wear Kleeder.
Mir bidden premium Kleeder un, awer och Héich Qualitativ Blanks, mat ganz déckem Stoff an engem oversized Schnëtt.
Entdeckt eis Auswiel u Marken:
1. Excellent Wäert fir Suen:
ab 16€ déi personaliséiert Eenheet (Sweatshirt)
D'Hoodies "King" an "Queen" vu B&C bidden en zimlech décke Stoff mat engem doucen Touch, e klasseschen a modernen Schnëtt, souwéi exzellent Finitiounen. (duebel Nähte, Reinheetsband, metallesch Finitiounen)
Nodeems mir mat enger Rei Hoodies geschafft hunn, huet dësen eis besonnech opmierksam gemaach, wéinst senger exzellenter Qualitéit fir een raisonnabelen Präis .
Labellen : Fair-wear, Oeko-tex, Vegan
2. Eis Héich Qualitativ Moude-produkter:
ab 35€ déi personaliséiert Eenheet (Sweatshirt)
Hei ass eis Gamme vun héich qualitativen Produiten.
Dës ginn a Portugal produzéiert, aus ganz déckem Stoff.
Den Schnëtt ass verschafft an oversized, soudass mir en als selbststännegen Produit fir Moude proposéiere kënnen.
Mir proposéieren dës Produkter, well se eisen absoluten Favorit sinn, wéinst hirer Déckt, hirem Schnëtt, souwéi hir Haltbarkeet. Dës Kleedungsstécker sinn aus virgewäschtenem Koteng gemaach, sou datt se noom wäschen net schrumpfen.
Dobai hun se kee Branding, extra fir Personaliséierung geduecht.
- 235g/m2 fir den T-Shirt (Klassiker = 170g/m2)
- 465g/m2 fir Sweatshirts, Hoodies, Joggers (Klassesch = 280g/m2)
Kontaktéiert eis fir all d'Faarwen ze entdecken!
ISB kann sech ëm d'Designs vun Ärer Mark këmmeren!
Mir begleeden Iech bis zur Liwwerung vun Ärer Bestellung:
- Produit Rotschléi
Mir weisen Iech wéi Dir dat bescht Resultat fir de beschte Präis kritt.
(Faarwen, Gréissten, Produkter)
- Tipps fir Personnalisatioun
Mir informéieren Iech iwwer Personaliséierungstechniken.
(Präis, Haltbarkeet, Qualitéit)
- Rotschléi op Design
Wann Dir net sécher sidd vun Ärem Design, kann ISB Iech Virschléi fir Är Visuals maachen.
(Logo, Konschtwierk, Standuert)
E puer Leeschtungen:
Eenzegaarteg Modeller
Hutt Dir aner Froen? Kontaktéiert eis!
bottom of page